09 mai 2026
„Cantate Domino novum canticum“ ass eng Ode un Gott, inspiréiert vum Psalm 98, a komponéiert am Joer 1625 vum Heinrich Schütz, deemolege Kapellmeeschter um Dresdner Haff.
Dat Stéck gehéiert zu senge „Cantiones Sacrae“, enger Sammlung vu 40 a-cappella-Motetten. De Chouer entfalt eng räich Harmonie an en intimen Dialog mam dem laténgeschen Text.
De Schütz, deen an Italien forméiert gouf, vermëscht italienesch Polyphonie mat der däitscher protestantescher Traditioun. E Wierk, dat a Krichszäiten entstanen, awer mat Hoffnung duerchdrongen ass , an och véier Joerhonnert méi spéit musikalesch Schéinheet mat enger spiritueller Botschaft vereent.
“Cantate Domino”, est une ode à Dieu, inspirée par le Psaume 98, et composée en 1625 par Heinrich Schütz, alors qu'il était maître de chapelle à la cour de Dresde. Elle fait partie de ses “Cantiones Sacrae”, un ensemble de 40 motets a cappella. Le chœur déploie une harmonie riche et un dialogue intime avec le texte latin. Formé en Italie, Schütz fusionne la polyphonie italienne et la tradition protestante allemande. Une œuvre née en temps de guerre, mais porteuse d'espoir, qui transcende les siècles, unissant beauté musicale et message spirituel.
Émission AD LIBITUM: les lundis soirs à 20h
Commentaires(0)